Jennifer Lopes Santos
Jennifer Lopes Santos

“Haut vermëscht d'Jennifer déi geléiert Techniken a mécht den artisteschen Ausdrock ofhängeg vun deem, wat si absorbéiert huet an an hire Wierke duerstelle wëllt.”

Jennifer Lopes Santos

D'Jennifer Lopes Santos, 1987 zu Lëtzebuerg gebuer, fänkt hire Parcours als Kënschtlerin op de Beaux-Arts  vum Lycée des Arts et Métiers un a bilt sech dann op der Haute École Libre Mosane zu Léck als Stilistin weider. Do entwéckelt sech hire groussen Interessi um Recyclage an un der Ëmwelt, dee sech an hirer Kreatioun "Sweet Pollution" bei der Ausstellung "The future that never was" am Modemuseum zu Hasselt am Joer 2011 weist. Duerch eng laang Rei vun Experimenter exploitéiert d'Jennifer verschidden Disziplinne wéi den Danz, wou d'Beweegung an d'Präsenz am Raum si zu Froestellunge féiert iwwert d'Sinn an d'Ginn, Leitfuedem vun hirer éischter individueller Ausstellung "Stretch, Twist, Push and Pull" am Kulturhaus zu Nidderaanven am Joer 2016.


Haut vermëscht d'Jennifer déi  geléiert Techniken a  mécht den artisteschen Ausdrock ofhängeg vun deem, wat si absorbéiert huet an an hire Wierke duerstelle wëllt. Hiren Universum ass konzeptuell an eklektesch; en ass Deel vun der Recherche vum mënschleche Wiesen, sengem Kierper, senge  séileschen Zoustänn a senger Relatioun zur Aussewelt.

PHOTO: ©Spuerkeess-Flavie Hengen
GOLPADA EM CABO VERDE, 2018, textile

PHOTO: ©Spuerkeess-Flavie Hengen GOLPADA EM CABO VERDE, 2018, textile

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter