Klapp Kelly & Schuler Michèle
Klapp Kelly & Schuler Michèle

Klapp Kelly & Schuler Michèle

D'Michèle Schuler (53 Joer) an d'Kelly Klapp (28 Joer), d'Proprietärinne vun Oni's Workshop (Méchela), sinn en Team aus Mamm an Duechter, dat zanter 2017 Kostümer an Accessoiren hierstellt. D'Kelly huet Konscht an 3D-Design studéiert, an niewebäi och Kostümer entworf. Fir hir Léift zum Detail ass si mat e puer Präisser ausgezeechent ginn, ënner anerem zwee Mol beim Europäesche Concours fir Kostümer vu Blizzard an de Joren 2015 an 2016. Dohier staamt och hire Spëtznumm Oni. Hir Mamm, d'Michèle Schuler, begeeschtert vum Bitzen a vun historesche Kostümer, huet nach ëmmer fir sech selwer a fir d'Kanner, wou se nach méi kleng waren, gebutt. Spéider, wou sech deen Hobby ëmmer méi zu enger seriöer Aktivitéit entwéckelt hat, huet si hiert Meedchen ënnerstëtzt. D'Oni's Workshop S.ar.l.-S, déi et elo schonn zanter iwwer véier Joer gëtt, huet sech op d'Fabrikatioun vu Kostümer a spezielle Kleeder spezialiséiert. D'Michèle kennt sech aus am Bitzen, an der Broderie an an der Coupe vun historesche Modeller, hiert Liblingstheema ass d'18. Joerhonnert. D'Kelly verfüügt sengersäits iwwer déi néideg technesch Kenntnisser, wann et ëm speziellt Material wéi Thermoplasten a Lieder geet, a weess, wéi een och déi schwieregst Fantasiezeechnunge ëmsetzt

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter