Alain Mailland
Alain Mailland

Alain Mailland

 

Den Alain Mailland dréit a sculptéiert zënter 20 Joer seelen a wäertvoll Hëlzer aus dem Midi a Frankräich, fir doraus filigran Skulpturen ze schafen, déi aus der Planzen-oder Miereswelt ze komme schéngen. Seng Aarbecht berout op der Schéinheet an de Charakteristike vun de verschiddenen Holzaarten. Hie benotzt haaptsächlech frësch Wuerzelen aus senger Regioun wéinst hire wäertvollen Hëlzer mat aussergewéinleche Motiver a Faarwen: de Pistachbam, den Äerdbiersbam, d’Heed, de Filaire, de Perpinjan, etc. Fir sou delikat Wierker ze realiséieren, brauch hien extrem reng Hëlzer.

Him no gëtt et eng Relatioun tëschent all den Espècen op der Welt. Sou kann een zum Besipill Forme vun Déieren oder Mineralien an de Wuerzelen an an de Planze fannen an ëmgedréint. D’Grenze si flou, déi verschidde Welte kräizen sech. Mir Mënsche si mat alle Liewewiesen op der Welt verbonnen. Dat fillt hien, wann hie seng Wierker, déi ëmmer lieweg Kreaturen duerstellen, schaaft. Hien dréit Formen, déi wuessen, wéi Blummen oder Planzen. Dank dem Dréien a sengen Technike reproduzéiert hie gär all méiglech Kreesstrukture vum Universum, vum Atom bis zur Galaxie. An den Objeten, déi sou entstinn, si seng Dreem verkierpert.


 

PHOTO: © Alain Mailland
Danseuse, Racine d‘Arbousier, Crayons de couleur,
H 16 x Ø 1 7 cm

PHOTO: © Alain Mailland Danseuse, Racine d‘Arbousier, Crayons de couleur, H 16 x Ø 1 7 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter