Andrin Caroline
Andrin Caroline

Andrin Caroline

D'Caroline Andrin, gebuer an opgewuess an der Schwäiz, huet d'Keramik op der École supérieure d’arts appliqués (HEAD) vu Genf entdeckt. Si reest da fir d'éischt duerch Europa an Nordamerika, éier si sech zu Bréissel installéiert, wou si elo zanter 2006 als Professer un der La Cambre Arts Visuels fir de Studiegang Keramik verantwortlech ass. Hir Aarbecht beweegt sech tëschent Konscht an Design. Si ass déif verwuerzelt an engem Prozess, deen Knowhow mat Reflexiounen iwwer d'Matière verbënnt. Aus technescher Siicht interesséiert si sech fir de Fabrikatiounsprozess, a speziell fir d'Géisse vu Schlicker an déi ënnerschiddlechst Formen (Liederhändschen, Mutzen,...). Duerch dëst Verfaren entsti Formen, déi heiansdo ganz komplex sinn an d'Ambiguitéit vum Material ënnersträichen. Hiert rezent Wierk „Skin Game / La part animale“ befaasst sech mat der Fro vun der Metamorphos an dem Anthropomorphismus.
Photo : ©David Marlé
SKIN GAME, RECTO VERSO
2013 
Argile teintée au manganèse coulée dans une paire de gants en cuir 
Moule retourné pour la 2e
 pièce 
Hauteur 37 cm

Photo : ©David Marlé SKIN GAME, RECTO VERSO 2013 Argile teintée au manganèse coulée dans une paire de gants en cuir Moule retourné pour la 2e pièce Hauteur 37 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter