Angelika Stemer
Angelika Stemer

Angelika Stemer

 

D’Angelika Stemer, 1969 zu Innsbruck gebuer, mécht hir Ausbildung an Éisterräich op der Fachhochschule für Gestaltendes Metallhandwerk vum HTBL Ferlach, Sektioun Gravuren. Fir d’éischt entwërft a realiséiert si Prototype fir d’Produktioun vu Fanataisiesbijoue bei den Ets Gilles Marnat zu St Etienne a Frankräich. Duerno schafft si am Beräich vun der Gravure fir aussergewéinlech Juegdwaffe beim Paul Landmesser zu Pforzheim an Däitschland. 1996 besicht si e Meeschtercours fir Graveuren an der Schoul fir Aueremécher zu Pforzheim an Däitschland a mécht 1997 hir Meeschterprüfung an der Chambre des métiers zu Karlsruhe.

Zu Lëtzebuerg schafft si nees an der Gravure vun aussergewéinleche Juegdwaffe bei der ARC Sàrl zu Bierschbech, ier si sech als Graveur selbstänneg mécht. Si mécht hiren eegenen Atelier 2015 zu Munzen op, wou si haaptsächlech am Beräich vun der Gravure fir Juegdwaffen, Bijouen an aner Objeten aus Metall schafft.


 

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen
Fusil Krieghoff K 80, acier non traité, gravé en 2016
à la main avec burin, ciseau et marteau, incrustation or fin
(999/000) L 11 x l 4 x P 1 ,5 cm, pièce uniqu

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen Fusil Krieghoff K 80, acier non traité, gravé en 2016 à la main avec burin, ciseau et marteau, incrustation or fin (999/000) L 11 x l 4 x P 1 ,5 cm, pièce uniqu

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter