Angélique Lefèvre
Angélique Lefèvre

Angélique Lefèvre

D’Angélique Lefèvre ass 1957 an der Aube gebuer. Si lieft a schafft zu Paräis. Wäiss, liichtduerchlässeg oder duerchsiichteg, d’Angélique notzt d’Rengheet vun de Materialien, fir hir Skulpturen ze kreéieren, ob et sech ëm Organdi (eng fein Kottengstrame), ëm polymeren Haarz oder ëm PET an dënnen thermogeformte Placken handelt. D’Kënschtlerin sculptéiert d’Séil vun eisen alldeeglechen Objeten, mënschlech Busten. Si meesselt d’Hüll, d’Haut, déi transparent Uewerfläch, léisst de Bléck an d’Luucht duerch, fir dass mir de Wiesen an de Saache bis op de Grond an derduerch gesinn.


Hir Wierker, wéi richteg Visiounen, fräi vu Faarf a Matière, gläichen de Biller déi bleiwen, wann ee bis d’Aen zougemaach huet, nodeems een eng staark Impressioun op der Netzhaut hat. Virus, Mac Do, Jeune femme aux piercing, Danseur de HipHop … eis zäitgenëssesch Welt kënnt eis vir, wéi wa se scho vum verschwonnene Souvenir gefiltert a vun der Zäit getrennt gi wier, d’Wéi vun enger Mënschheet, déi souwuel déiselwecht wéi eng aner ass.

© Angélique Lefèvre
Shaq attaq III, 1996, Organdi présenté sous caisson plexiglas,
H 43 x L 43 x P 43 cm , 146cm sur sellette en carré d‘acier,
pièce unique

© Angélique Lefèvre Shaq attaq III, 1996, Organdi présenté sous caisson plexiglas, H 43 x L 43 x P 43 cm , 146cm sur sellette en carré d‘acier, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter