Stefania Atanasiu
Stefania Atanasiu

Stefania Atanasiu

D'Stefania Atanasiu, Broderieskënschtlerin, gouf 1975 zu Bukarest a Rumänie gebuer a lieft zanter 5 Joer zu Lëtzebuerg. Si ass diploméiert am Droit an huet viru 6 Joer, inspiréiert vun den traditionelle rumänesche Blusen, mat der Broderie ugefaangen. Si ass Autodidaktin a Member vun der Associatioun „Semne Cusute“ (Bitzzeechen), mat där si och schonn un internationalen Ausstellungen deelgeholl huet.

D'Blusen, déi si kreéiert, stelle virun allem eng ganz eege Sprooch duer, a kombinéiere verschidden al Brodéiertechnike mat Naturfiedem (aus Seid, Léngent, Woll, Hanf a Metallfiedem) op Stëfter, déi och aus der Natur stamen (Hanf, Léngent, Seid), woubäi si Faarwen harmonesch mat traditionelle Motiver kombinéiert.

Photo : ©Gabriela Ciobanu
« LES AILES DU TEMPS ET DE LA TERRE » 
2021
Chemise avec broderie fait à main en fil de soie et 
fil métallique sur tissus de chanvre et soie 
400 cm

Photo : ©Gabriela Ciobanu « LES AILES DU TEMPS ET DE LA TERRE » 2021 Chemise avec broderie fait à main en fil de soie et fil métallique sur tissus de chanvre et soie 400 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter