Ateliers Kraizbierg
Ateliers Kraizbierg

Ateliers Kraizbierg

Bei den Ateliers Kräizbierg s.c. handelt et sech ëm en Atelier protégé zu Diddeleng, deen no an no 10 verschidden Aktivitéitsberäicher (Atelieren) entwéckelt huet an deen haut 111 Persoune mat engem Handicap eng bezuelten Aarbecht bitt.

Si beschäftege Leit, déi virun allem e physeschen Handicap hunn, an erméiglechen hinnen e Beruffs-liewen, dat sou no wéi méiglech um gewéinlechen Aarbechtsliewe läit. D’Betreier schielen d’Kompetenzen an d’Besoine vun all eenzel Persoun eraus, hir Capacitéiten an hir Limitten, fir déi eng ze stäerken an déi aner ze ëmgoen.

Sou fërdere si déi sozial a professionell Insertioun a si gläichzäiteg eng Entreprise mat villfältege Ressourcen, déi eng breet Palett vu Produite verkeeft.

Dat Wierk, dat an der Ausstellung ze gesinn ass, ass d’Resultat vun enger Zesummenaarbecht vu Salariéen aus den Ateliere Créatif a Poterie. D’Stad Lëtzebuerg verschwënnt an enger Wollek, op där sech d’»Litti»- Kreaturen entspanen, ier se nees Loft huelen, fir d’Welt nei ze entdecken. D’Figurinnen  «Litti», e Begrëff, dee jo am Lëtzebuergeschen «topeg Leit» bezeechent, sinn Eenzelstécker aus Keramik. Hir Käpp sinn eenzel op der Hand am plastesche Leem modelléiert

PHOTO: © Kraizbierg
Littiville, assemblage de bois, céramique,
acier et plexiglas, H 69 x L 6 0 x l 6 0 cm,
pièce unique

PHOTO: © Kraizbierg Littiville, assemblage de bois, céramique, acier et plexiglas, H 69 x L 6 0 x l 6 0 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter