Aude Legrand
Aude Legrand

Aude Legrand

D’Aude Legrand, 1985 a Frankräich gebuer, schafft elo zu Lëtzebuerg. Vun 2000 bis 2015 huet si fir d’éischt Fotografie um Institut Saint-Luc an der Belsch studéiert an duerno hire Master an der Recherche en Art op der Sorbonne (Paris I) gemaach. 2010 krut si Ënnerstëtzung vun der Fondation de France an der Sorbonne fir de Programm Art Studio vun der NYU.


An hirer Aarbecht als bildend Kënschtlerin geet et hir drëm, fir dat mënschlescht Liewen an all sengen Dimensiounen ze beobachten. Hir Produktioune fléissen aus hire Beobachtungen, aus hire perséinlechen Erfarungen, emotionell a kollektiv, déi se an all de Stied, wou si gelieft huet (Paräis, New York, Lëtzebuerg), gesammelt huet. Sou sinn hir Zeechnungen, Molereien, Videoen an Installatiounen all am Déngscht vun därselwechter Iddi oder Fro: Wat fir en Impakt op d’Wierklechkeet hu komplex a staark Emotiounen, déi aus enger Frustratioun entstinn, an zwar der Frustratioun, op der schmueler Grenz, déi déi zwee Konzepter vu Kontroll an Net-Kontroll trennt, stoen ze bleiwen? An hire Wierker wëll si gemeinsam Raim schafen, wou d’Memoire an d’Emotiounen herrschen.

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen
133><560 M #2, 2016, gravure et acrylique sur plexiglas,
H 100 x L 5 0 x l 41cm, pièce unique

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen 133><560 M #2, 2016, gravure et acrylique sur plexiglas, H 100 x L 5 0 x l 41cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter