Isabelle Azaïs
Isabelle Azaïs

Isabelle Azaïs

D'Isabelle Azaïs ass an der belscher Welt vum zäitgenëssesche Bijou bekannt fir hir Recherchen am Beräich vum Lieder an dem recycléierte Plastik. Am Géigesaz zum méi klassesche Verfaren an der Bijouterie ginn hir Kreatiounen net fir d'éischt opgezeechent, mee entstinn iwwer eng direkt Konfrontatioun mat der Matière. Dës Recherche baséiert op enger duebeler Demarche: de Kreatiounsprozess vun A bis Z ze steieren an all eenzel Phas ze beherrschen; dat Bescht aus ganz Wéineg maachen. Hiert Wierk „L'enfer“, dat hei virgestallt gëtt, ass en Exkurs an d'Bildhauerei, eng Weiderentwécklung vun hirer Technik an engem méi grousse Moossstaf. Am Kader vun hire Recherchë mat Plastikmaterial huet si och Kollektioune mat Bijouen a Géigestänn aus Plastiksbänner, déi si vu Schantercher recuperéiert, entworf, genee ewéi Kollektiounen, déi aus Rettungsdecken entstane sinn, déi si um Enn vu Sportsmarathonen agesammelt huet. Viru Kuerzem huet si am Kader vun enger Commande vum Musée des Égouts vun der Stad Bréissel och mat Publicitéitsbaatsche geschafft, fir groussformateg dekorativ Panneauen ze realiséieren.

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter