Jeanette Bremin
Jeanette Bremin

Jeanette Bremin

D'Jeanette Bremin, 1962 a Schwede gebuer, wunnt zanter 30 Joer zu Lëtzebuerg a schafft hei als fräischaffend Kënschtlerin. Si huet a Schwede Konscht a Wëssenschaft an Art-Nude-Still Life, an zu Los Angeles op der UCLA Innenarchitektur an Ëmweltdesign studéiert. Beim Lily Weisgerber huet si Wiefcoursen a beim Atelier Empreinte zu Lëtzebuerg Coursen an der Drocktechnik besicht a sech un der Alanus-Héichschoul fir Konscht a Gesellschaft zu Alfter an Däitschland fortgebilt. Si ass d'Grënnerin an d'Initiatorin vu Semaphore Art Studios zu Éiter, Lëtzebuerg, wou sech och hiren Atelier befënnt. D'Jeanette schafft mat Ueleg- an Acrylfaarwen, Stéckereien op Stoff a Pabeier, Hannerglasmolerei, Pabeierkonstruktiounen, Mëschtechniken an Installatiounen. Si gouf fir hir Eenzelausstellungen „The Little Book of Pain“ an „Farben+Textil+Musik+Tanzen+Wein = Gold!!!“ ausgezeechent a war 2018 fir den Humanity in Art Award zu Mailand (Italien) nominéiert. -Iwwer de Prozess vum kënschtleresche Schafe wëll ech déi subjektiv Gefiller duerstellen, déi bei mir duerch Evenementer a verschidde Materialien entstinn, andeem ech tëschent organesche Formen an exakten, rouege Linnen ofwiesselen.

Photo : ©Jeanette Bremin
PSAMANTHE, 
2019
Broderie avec des fils de lin et de coton sur toile peinte 
85 x 145 cm

Photo : ©Jeanette Bremin PSAMANTHE, 2019 Broderie avec des fils de lin et de coton sur toile peinte 85 x 145 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter