Flavia Carbonetti
Flavia Carbonetti

Flavia Carbonetti

Nodeem si hiren Dram verwierklechen a Couture a Moud zu Florenz (Polimoda International Institute) studéiere konnt, huet d'Flavia Carbonetti als Léiermeedchen a verschiddene Moud-Atelieren ugefaangen a Kleeder fir vill Perséinlechkeeten an Italien an zu New York entworf.

 

Duerch hir Aarbechtserfarung bei Vivienne Westwood a bei e puer vun de prestigiéiste Moud-Atelieren zu Florenz war si elo prett, fir hiren eegenen, bewosst geschlechtsneutralen, Kleederlabel „Einfühlung” ze grënnen, dee vun Nohaltegkeet a Kreeslafwirtschaft an der Moud- an Textilindustrie inspiréiert ass.

Hir Geschäftsiddi gouf beim CYEL Award mam „Coup de Coeur du Jury” a beim Luxembourg Design Award mat der „Jury mention” ausgezeechent.

Dës Unerkennung huet hir erlaabt, Lëtzebuerg bei der International Thai Silk Fashion Week zu Bangkok, organiséiert vum Jimmy Choo, ze vertrieden. Och fir Lëtzebuerger Ambassadeuren zu Bangkok a fir d'Tessy Antony De Nassau huet si moossgeschneidert Kleedungsstécker entworf.

D'Flavia ass an der „Fashion Revolution”-Beweegung zu Lëtzebuerg aktiv an engagéiert sech fir Educatioun am Beräich nohalteg Moud a Schoulen an an Institutiounen. Sou huet si z. B. Konferenzen an der Europaschoul zu Lëtzebuerg, am EIB Institute a bei Docler Holdings gehalen.

D'Flavia pendelt elo tëschent Italien a Lëtzebuerg hin an hier an ass ëmmer op der Sich no neien Erausfuerderungen a puncto Material, dat si fir hir Kreatioune benotze kann.

Photo : © Einfühlung Sarl-S
CORTECCIA
2021
Buste en cuir de bois "Pineskin"
Tricot de chanvre en collaboration avec
ForMe design

Photo : © Einfühlung Sarl-S CORTECCIA 2021 Buste en cuir de bois "Pineskin" Tricot de chanvre en collaboration avec ForMe design

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter