Christian Astuguevieille
Christian Astuguevieille

Christian Astuguevieille

De Christian Astuguevieille ass e franséische Kënschtler, deen zu Paräis gebuer ass an och do lieft a schafft. Zënter sengen Ufäng an den 1970er Joren exploréiert hien ëmmer nees nei Beräicher. Hie war 1977 am Centre Beaubourg invitéiert, fir e pädagogeschen Atelier fir Kanner auszeschaffen an ass Responsabel vum Atelier Volumes am Kader vum Atelier des enfants ginn. Hien ass ee vun deenen éischten, déi déi kënschtleresch Ausriichtung an de prestigiéise franséischen Haiser wéi Molinard, Rochas, Nina Ricci definéiert hunn.


Vun den 1980er Joren u konzentréiert seng Aarbecht sech op eng imaginär Zivilisatioun. Sou entsti Sammlunge vun Objeten a vu Miwwelstécker mat Ficellen a Seeler, am Urzoustand oder gefierft, déi a ville Muséeën a Galerien op der ganzer Welt ausgestallt ginn. Parallel dozou realiséiert hien als Kreativen Direkter eng siechzeg Parfume fir d‘Mark Comme des Garçons a gëtt sengem artistesche Parcours sou eng richteg „Doftdimensioun“.

Mituki, fauteuil en corde de chanvre,
H 92 x L 74 x P 7 0 cm,
série limitée

Mituki, fauteuil en corde de chanvre, H 92 x L 74 x P 7 0 cm, série limitée

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter