Christophe De La Fontaine
Christophe De La Fontaine

Christophe De La Fontaine

De Christophe de la Fontaine, 1976 zu Lëtzebuerg gebuer, huet säin Diplom als Sculpteur am Lycée des Arts et Métiers kritt. Vun 1996 bis 2002 studéiert hien industriellen Design beim Richard Sapper op der Académie des Beaux-Arts zu Stuttgart. No Openthalter zu London, Mailand a München schafft hie vun 2003 bis 2010 am Studio vum Patricia Urquiola zu Mailand. Duerno mécht hie sech selbstänneg an hëlt u villen Ausstellungen deel.


De Christophe mécht 2010 säin eegene Studio Christophe de la Fontaine Industrial Design op a schafft fir Moroso, Rosenthal a Form Agenda. 2012 grënnt hien zesumme mat der Kënschtlerin Aylin Langreuter d’Mark DANTE-GOODS & BADS, fir Piècen a limitéierter Editioun ze kreéieren an ze entwéckelen, déi dann an Zesummenaarbecht mat Handwierker realiséiert ginn. Sou vermëscht hien den Design an d’Präzisioun vum Geste mam Choix vu schéine Matièren.

PHOTO: ©Dante - Goods and Bads
Minima Moralia, 2015, acier laqué / tissu plissé,
H 180 x L 8 0 x l 2 0 cm, série limitée

PHOTO: ©Dante - Goods and Bads Minima Moralia, 2015, acier laqué / tissu plissé, H 180 x L 8 0 x l 2 0 cm, série limitée

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter