Christophe Poissonnier
Christophe Poissonnier

Christophe Poissonnier

De Christophe Poissonnier, 1961 zu Roubaix a Frankräich gebuer, verbréngt seng ganz Kandheet op der Côte no bei der belscher Grenz. Nodeems hie Visuell Kommunikatioun an der Belsch studéiert huet, kënnt hien op Lëtzebuerg schaffen. Passionéiert vun der Natur a vun den Déieren, gëtt hie sech un d’Molerei an hëlt vun Zäit zu Zäit un Ausstellungen deel. Seng Kriibskrankeet ass den Ausléiser, fir dass hien 2004 seng Aarbecht als artisteschen Direkter an enger gousser Dréckerei  opgëtt, fir säin Dram ze realiséieren, nämlech Déieremoler ze ginn.


Seng Konscht huet sech awer haut och op de Beräich vun der Karikatur an der Skulptur ausgebreet; hien erwächt al Objeten a virun allem al Schong nees zum Liewen, andeems en se an Déiere verwandelt. Hien huet just ee Wonsch: seng wierklech Leidenschaft fir d’Natur an hir Bewunner weiderzeginn.

PHOTO: ©Christophe Poissonnier
Le mille-pattes, 2016, vieilles chaussures d‘enfants,
tige métallique et boule de bois, H 30 x L 9 5 x l 2 0 cm,
pièce unique

PHOTO: ©Christophe Poissonnier Le mille-pattes, 2016, vieilles chaussures d‘enfants, tige métallique et boule de bois, H 30 x L 9 5 x l 2 0 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter