Chantal Delporte
Chantal Delporte

Chantal Delporte

No hirem Studium vun der plastescher Konscht a verschiddene Formatiounen, an deene si déi vilfälteg Facettë vun der Aarbecht mat Glas kennegeléiert huet, mécht d'Chantal Delporte am Joer 2004 hiren eegenen Atelier op. Si exploréiert do souwuel d'Technike fir d'Verschaffe vum Glas a kalem Zoustand, wéi och d'Verschaffen am Uewen. 2005 gouf si invitéiert, de Glasatelier vun der Konschtschoul zu Braine l’Alleud opzebauen. Si hëlt souwuel an der Belsch wéi och am Ausland u verschiddenen Ausstellungen deel (Collect zu London, Biennale du verre zu Stroossbuerg, Coburger Glaspreis). Hir Aarbecht dréint sech ëm d'Relatioun tëscht der Natur, dem Mënsch … a senger Ëmwelt. Wéi e Sculpteur, dee verschidde Materialer verschafft, jongléiert si mat Hëllef vun ënnerschiddlechen Technike mat de villen Aspekter vum Glas, fir et besser zum Ausdrock ze bréngen, mee virum allem och, fir sech selwer auszedrécken... Sou realiséiert si zum Beispill Ofdréck vu Materialien; dann erëm knëppt si spilleresch Verbindungen a kreéiert verwurrelt Kanäl, bal ewéi Bluttgefäässer. D'Liicht an d'Faarf hëllefen hir, d'Vergoe vun der Zäit, d'Erneierung an d'Liewen duerzestellen.
Photo : ©Chantal Delporte
RÊVERIE
2020 
Verre optique, technique de la cire perdue, kilncasting-polissage, pierre
42 x 12 x 9 cm

Photo : ©Chantal Delporte RÊVERIE 2020 Verre optique, technique de la cire perdue, kilncasting-polissage, pierre 42 x 12 x 9 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter