Emeringer Robert
Emeringer Robert

Emeringer Robert

A sengem Glasatelier schafft de Robert Emeringer mat verschiddenen Techniken : Fusing, Thermoformung, Casting, Pâte de verre, Glasmolerei, Restauratioun vu Glasmolerei, Glasschnëtt, Glasblosen, Gravur, Sandstralen. Den éischte Kontakt mam Glas huet hien 1964 beim Maître verrier Rohleder zu Lëtzebuerg. Hie studéiert verschidden Techniken zu Lëtzebuerg, an Holland, a Frankräich an an Däitschland. Hien interesséiert sech och fir indesch an tibeetesch Konscht a verbréngt ee Joer an Indien. 1986 mécht hie säin Atelier zu Aasselbuer (Lëtzebuerg) op. Wierker vum Robert Emeringer sinn a Muséeë wéi dem Glasmuseum Lette (Däitschland), Musée de verre du Château de Val St. Lambert (Belsch) oder dem Glas- a Kristallmusée zu Nikolsk (Russland) ze gesinn. Eng ganz Rei vu sengen Objete sinn och an ëffentleche Gebaier ze fannen, virun allem a Kierchen.

Photo : ©Zaiga Baiza
BLUE DREAMS 
2021 
Fusion du verre, thermoformé, coupé, taillé, polis
19 x 38x 18 cm

Photo : ©Zaiga Baiza BLUE DREAMS 2021 Fusion du verre, thermoformé, coupé, taillé, polis 19 x 38x 18 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter