Eva Ferranti
Eva Ferranti

Eva Ferranti

Eva Ferranti, als Kand mat hiren italienesch stämmegen Elteren op Lëtzebuerg komm, huet de Sënn an de Wëllen geierwt, eppes Opzebauen. Ugezunn duerch d’Kreatioun vu Moud fir Dammen an Hären, mécht si hir Studien zu Lëtzebuerg, duerno an Italien. Si deposéiert hir eege Marque a mécht 2008 hir Boutique zu Lëtzebuerg op. De gudde Ruff vun hirem Atelier verbreet sech séier, dat dank der perséinlecher Note vun all eenzelne Stéck, der Qualitéit vun den italienesche Stëfter, der präziser Veraarbechtung, der Originalitéit an der Kreativitéit vun de Kleedungsstécker.


D‘Eva entwéckelt en estheteschen a psychologëschen Dialog mat hire Clientën. Hir Passioun als Créatrice belieft si all Dag op en Neits an et kann ee roueg behapten, datt am Fall Eva Ferranti net nëmmen e Mënsch e Beruff gewielt, mee och e Beruff de passende Mënsch gewielt huet. Si huet Responsabilitéiten iwwerholl als Vize-Prësidentin vun der « Union commerciale de la ville de Luxembourg » an huet d’ «Association de l’Art dans la vieille ville » gegrënnt, eng Associatioun, déi si och presidéiert, nodeems si virdrun Presidentin vum « Syndicat pour la gestion de la vieille ville de Luxembourg » wor.

PHOTO: ©eva ferranti
Mon Masque, Robe en bustier, en papier
maché et plâtre, soie et pierres précieuses,
pièce unique

PHOTO: ©eva ferranti Mon Masque, Robe en bustier, en papier maché et plâtre, soie et pierres précieuses, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter