Ezri Kahn
Ezri Kahn

Ezri Kahn

Den Ezri Kahn, 1969 zu Léck gebuer, schafft zënter fënnef Joer zu Lëtzebuerg. Hien ass op der stänneger Sich no der Rengheet vun der Linn a no Partnerschafte mat lokale Kënschtler. E puer Kënschtler aus der Regioun hunn esou u seng Talenter appelléiert, wéi d'Sylvia Camarda fir hir Bühnekreatioun am Groussen Theater vu Lëtzebuerg. Hien ass houfreg, sech als Konschthandwierker ze bezeechnen, dee selwer u sengem Patron schafft, deen de Stoff iwwer de Kierper ausbreet, fir de Schnëtt optimal ze preparéieren, an deen d'Technik vun A bis Z beherrscht.


Den Ezri seet, hien hätt alles iwwert den "sur-mesure" bei sengen exigente Clienteën geléiert. D'Konsequenz vu senger Excellence ass, dass hien am Oktober 2018 säin eegenen Atelier-Showroom um 14 Liberté opgemaach huet. Bei him steet den Austausch mam Publicop éischter Plaz. Fir den Ezri ass d'Kleedungsstéck virun allem eng Sprooch, déi just lieft, wa se gedroe gëtt. Am léifste kreéiert hien op Mooss, dofir zeechent hie richteg personaliséiert Garderobe mat noble Materialien an tadellosen Ausféierungen.

PHOTO: © wilmeslux
Robe Grand Soir, Raphia viscose, bleue nuit, travailde coupe en biais,
pièce unique

PHOTO: © wilmeslux Robe Grand Soir, Raphia viscose, bleue nuit, travailde coupe en biais, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter