Fanny Bollig
Fanny Bollig

Fanny Bollig

Fanny Bollig, 1986 zu Lëtzebuerg gebuer, huet eng traditionnel Ausbildung zum Goldschmadd gemaach an hir konschthandwierlech Formatioun op der Akademie für Gestaltung und Design zu München kompletéiert. Hir Ofschlossaarbecht gouf 2013 mam Meeschterpräis vun der bayrescher Regierung belount. D‘Kollektioun vu Bijouën gëtt aus héichwäertegem Material an hirem Studio am Häerz vu München entworf. All Bijou ass een Eenzelstéck mat enger eegener Perséinlechkeet, a gëtt am Laf vun der Zäit e regelrechte Porte-bonheur.


D’Formen vun de Kollektioune komme vu verschiddenen Techniken mat deenen de Gold-schmadd schafft, ënner anerem d’Feinaarbecht mat 21,6 Karat Gold, déi de sensible Charakter vun der Struktur vun all Eenzelstéck verréit. D’Oberfläch vun de Bijouën ass matt gehalen, wat d’Schéinheet vun de verschafften Edelstäng a Päerelen zousätzlech ervirhieft. D’Kënschtlerin inspiréiert sech un der etruskescher Konscht an huet eng Technik entworf, déi hir Bijouen zu onopfällegen, zäitgenösseschen mee erausstiechende Konschtwierker mécht.

PHOTO: ©JAN SCHEUTZOW
Pendentif, 2014, Or 900 (petit anneau 750)
et diamant brun 0.23ct, g ranulation et surface f lammée,
Ø 11,5 mm, pièce unique

PHOTO: ©JAN SCHEUTZOW Pendentif, 2014, Or 900 (petit anneau 750) et diamant brun 0.23ct, g ranulation et surface f lammée, Ø 11,5 mm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter