Feyrouz Ashura
Feyrouz Ashura

Feyrouz Ashura

Feyrouz Ashoura, gebuer zu Lëtzebuerg, mécht hir Formatioun op der prestigiéiser Ecole Supérieure des Arts et Techniques de la Mode zu Paräis a kritt hiren Néieschdiplôme als Bescht vun hirer Pomotion. Si mécht duerno e Stage beim Iris Van Herpen an Holland éier si an de Mëttleren Osten fir do d’Moudenindustrie z’erfuerschen an en zolitte Réseau vu jonke Moudecreateuren opzebauen. Zréck zu Lëtzebuerg, grënnt si hiren eegene Label. D’Formen an d’Presentatioun vun hiren Kleederkreatioune sinn eenzegarteg Konschtwierker.


D’Feyrouz huet eng onerwaarten Approche zu hire Kreatiounen. Si inspiréiert sech un der Natur a méi speziell der onberéierter Natur. Ugezunn duerch déi komplex a spatz Formen, experimentéiert si mam Ofwiermechanismus oder schafft mam Thema Broschtkuerf, Themen déi si op verschidde Manéieren interpretéiert. Si traut sech, op den éischte Bléck grotesk Sujetën unzegoen, an se esou ze verschaffen, datt se, duerch d’Manipulatioun vun der Matière a vum Muster, onschëlleg ausgesinn an net ofstoussend wierken.

PHOTO: © Etienne Delorme
Ice twin, 2015, Robe courte ornée de colonnes vertébrales
faites de Chaines de perles de verre et de cônes de papier
emballage fleurs cousus à la main,
H88 x l53cm cm, pièce unique

PHOTO: © Etienne Delorme Ice twin, 2015, Robe courte ornée de colonnes vertébrales faites de Chaines de perles de verre et de cônes de papier emballage fleurs cousus à la main, H88 x l53cm cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter