Gildas François
Gildas François

“Gildas places today his work at the intersection of restoration and creation.”

Gildas François

De Gildas Francois verdankt seng Freed un der Tapisserie enger Fautell, déi verloossen op engem Trottoir stoung. Zu däer ZäIt huet hie u sengem Doktorat an der Psychoanalyse zu Montpellier geschafft. Hien decidéiert, eng Ëmschoulung zum Konschthandwierker ze maachen a studéiert déi traditionnel an zäitgenössesch Polsterung a Bezich vu Miwwelen. No sengem CAP iwwerhëlt hien d’Ariichtung vum « Concepteur-Créateur » am Beräich vum Konschthandwierk zu Vannes-le-Châtel a mécht säi Büro, „Le Coq & Le Crapaud“, 2012 zu Metz op.


De Gildas ass Member vun Interior Designers & Artisans d’Art (IDAA). Hautesdags besteet seng Aarbecht aus enger Mëschung vu Restauratioun a Kreatioun. Seng Kreatiounen inspiréieren sech ëmmer un der Geschicht vun de Miwwelstécker an hire Besëtzer. Hien ass Laureat vum Concours « Trajectoires 2015 » a vum « Prix Artisan d’Art Pro(actif) JEMA 2016 », hien ass Member vu verschiddene Kënschtler- an Handwierkerkollektiven a Sekretär vun der  « Corporation des Tapissiers Décorateurs de la Moselle ».

PHOTO: © F. Golfier
Achille, Fauteuil à Coiffer, cabriolet Louis XVI,
Feutre de laine de mouton,
H 100 x L 60 x P 60 cm, oeuvre unique

PHOTO: © F. Golfier Achille, Fauteuil à Coiffer, cabriolet Louis XVI, Feutre de laine de mouton, H 100 x L 60 x P 60 cm, oeuvre unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter