Frank Daro
Frank Daro

Frank Daro

Frank Daro, 1962 gebuer, mecht säi Lycée zu Lëtzebuerg a studéiert op der ETHZ; als Bauingenieur mecht hien eng éischt Carrière. Gläichzäiteg huet hien awer och vill Freed un der Musék a spillt verschidden Instrumenter wéi Piano, Uergel, Cembalo a Clavichord. Wéi hien op seng 50 Joer zougeet, stellt hie sech d’Fro vum « tempus fugit » a stellt säi Liewen nach eng Kéier komplett ëm. Am Summer 2012 décidéiert hien nach eng Kéier nei unzefänken an Cembalobauer ze ginn.


Seng villfälteg technesch a musikalesch Erfahrungen loossen hien Instrumenter bauen, wou net d’Material an d’Instrument dat Wichtegst sinn mee d’Musék, déi een domatter ka maachen. A séngem heitege Beruff kann hien op d’handwierklecht Wëssen, d’Formatioun an d’Ënnerstëtzung vum bekannten däitschen Cembalobauer, Matthias Kramer, zréckgräifen.

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen
Clavecin d’après Christian ZELL, Hambourg 1728,
fait en 2015 - 2016, structure tridimensionnelle en bois collés
(érable, épicéa), bois de noyer, ébène et buis, os bovin, acier doux,
laiton, bronze,
H 95 x L 253 x l 9 7 cm, pièce unique

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen Clavecin d’après Christian ZELL, Hambourg 1728, fait en 2015 - 2016, structure tridimensionnelle en bois collés (érable, épicéa), bois de noyer, ébène et buis, os bovin, acier doux, laiton, bronze, H 95 x L 253 x l 9 7 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter