Geraldine Gonzales
Geraldine Gonzales

Geraldine Gonzales

Mat engem Diplom vun der École Supérieure d’Arts Appliqués Duperré (Paräis) an der Täsch, huet d’Géraldine Gonzalez fir d’éischt Schong entworf, ier si bei d’Skulptur komm ass. Ganz am Ufank huet si an der Publicitéit geschafft, wou si Illustratioune gemaach huet, bei der Press, am Verlag fir Jugendbicher a war bei perséinlechen oder kollektiven Expoe vertrueden (Grand Palais, Ménagerie de Verre, Halle Saint-Pierre, Centre Georges-Pompidou, etc.). Haut orientéiert si hir Kreatiounen éischter a besonnesch op de Beräich vum Haus an den Dekor vu Vitrinnen.


D’Géraldine huet e puer Liiblingsmatièrë wéi Papier mâché , Stofft, piléiert Glas, Pärelen, Transparent-pabeier, deen op Franséisch sou e schéinen Numm huet (papier cristal) a mat deem een duuss mat Luucht an Transparenz ka spillen.… och all Zorte vu Kristalle mat hire wonnerschéine Refleten. Mat hinne verbënnt si sech, fir hiren «Jardin intime» ze kultivéieren, voller Zäertlechket a Poesie. Hir lescht Kreatiounen, geheimnisvoll an zerbriechlech, schénge méi wéi jee aus enger Mäerchewelt ze entsprangen.

PHOTO: © Florie Berger
Méduses Cristal, cristal, structure métallique et LED,
90 x 50 xl 30 cm, série limitée

PHOTO: © Florie Berger Méduses Cristal, cristal, structure métallique et LED, 90 x 50 xl 30 cm, série limitée

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter