Gonthier Lise
Gonthier Lise

Gonthier Lise

D'Lise Gonthier gouf 1981 a Frankräich gebuer. Si zeechent a moolt vu Klengem un, sou datt e Studium an den Arts Appliqués am Zeechnen an an der Keramik fir si e ganz natierleche Wee war. Si studéiert duerno nach weider 3 Joer Molerei op der Konschtakademie. E Besuch an engem Glasbléiser-Atelier huet si faszinéiert. D'Liicht, d'Transparenz, de physeschen Aspekt, den direkte Kontakt mam Material Glas féiert si schliisslech un de Cerfav (Centre européen de recherches et de formation aux arts verriers), wou si sech an der Glasbléiserei spezialiséiert. No e puer Stagen a Frankräich an am Ausland mécht si 2008 hiren Atelier am Süde vu Frankräich op . Zanter 2014 schafft si mat Architekten an Dekorateuren zesummen. Si ass an enger Rei vu franséischen an internationale Galerië vertrueden.
Photo : © Lise Gonthier
Tableau en verre souff lé
2020
65 x 70 cm

Photo : © Lise Gonthier Tableau en verre souff lé 2020 65 x 70 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter