Greff Miriam
Greff Miriam

Greff Miriam

D'Myriam Rossini-Greff ass 1985 zu Nice gebuer. No engem Master an der Patrimoine-Restauratioun vun der Ecole de Condé (Paräis) schafft si an enger éischter Phas fir Institutiounen an Antiquairen. Hir Passioun fir d'Keramik féiert si dozou, sech am Kintsugi ze spezialiséieren, enger traditioneller japanescher Restauratiounstechnik, där hir Philosophie doranner besteet, duerch d'Ervirhiewe vu Kräck Schéines ze erschafen. D'Myriam benotzt dofir eedel Matièren (Gold, urushi-Lack, Räisläim, e Polver aus Toun, dee „Sabi“ genannt gëtt…) a jorhonnertenal Techniken (Schläife mat Magnolienholzkuel, Bestreeë mat BambusFunzutsu, Poléiere mat Achat…). D'Konscht vum Kintsugi baséiert op Gedold, Gewëssenhaftegkeet a Prezisioun (beim Doséiere vun de Materialien, der Loftfiichtegkeet, der Temperatur, dem Pinselstréch…). Et ass och eng Konscht vun der Nohaltegkeet, well se op Recyclage an Upcycling berout, andeem futtis Objeten neit Liewen an eventuell eng nei Verwendung kréien an nëmmen ëmweltfrëndlech Komponenten agesat ginn. Begeeschtert vun dëser Technik an all hiren Uwendungen hat d'Myriam d'Iddi, se fir kreativ Zwecker ze notzen. Net méi ausschliisslech fir d'Restauratioun, mee och fir d'Kreatioun vun neien Objeten, Dekoratioun an Design.

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter