Hawecker Marion
Hawecker Marion

Hawecker Marion

D'Marion Hawecker, 1986 zu Stroossbuerg (Frankräich) gebuer, ass bildend Kënschtlerin a „Plumassière“ (Fiederkëschtlerin). Si lieft a schafft den Ament zu Dole am Jura (Frankräich). Déi geléiert Architektin fänkt am Joer 2015 un, d'Fiederkonscht am Lycée Octave Feuillet zu Paräis a bei der Maison Lemarié ze léieren, a schafft fir Prêt-à-porter an Haute CoutureHaiser am Luxusberäich. Mat hirem Schafen hannerfreet si haut d'Konzept „Natur“, eis Bezéiung zu deem Liewegen, zu der net mënschlecher Welt ronderëm eis, mat där mir bewosst oder onbewosst Verbindungen aginn. Duerch d'Erfuersche vu Mythen, animistesche Kosmogonien an hir eege Perceptioun wieft si mat ënnerschiddleche Produktiounsformen an Experimenter mat Vullefiederen duerch Imitatioun, Mimikry, Formenanalogien an Evokatiounen onsichtbar Fiedem tëscht dëse Welten. D'Marion Hawecker ass faszinéiert vun dësem Material, dat vum Déier staamt a si physesch mat deem Liewege verbënnt. Si setzt et deemno an de Mëttelpunkt vun dëser Geschicht, déi si mat hirem Ëmfeld a mat den onendlech ville Liewen, déi mat eis koexistéieren, nei erziele wëll. Egal ob eis Verbindung duerch d'Elementer, d'Stären, d'Mineralien, d'Déieren oder d'Planzen zustane kënnt, d'Kënschtlerin observéiert se a gëtt se op eng intimistesch Manéier mat hire Gefiller, Dreem vu Metamorphosen a Kräizungen tëschent den Aarten erëm.

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter