Imprimerie Centrale
Imprimerie Centrale

Imprimerie Centrale

1961 zu Gréiwemaacher gegrënnt, huet d’Imprimerie Centrale sech spéider am Quartier Hollerech-Gare an der Stad installéiert. Vun der Dréckerei fir Zeitungen a Wochenzäitschrëften ass d’Imprimerie centrale séier zum Fournisseur vun den Haaptinstitutioune vun der Europäescher Unioun an de Vereenegten Natioune ginn.


D’Imprimerie Centrale ass haut eng Plattform fir d’Produktioun an den Drock, déi eng breet Gamm vu Servicer am Beräich vum Offset an dem digitalen Drock ubitt, an der Finitioun an am Beräich vun der elektronescher Publikatioun: villsproocheg Produktioun (méi wéi 30 Sprooche ginn all Dag traitéiert: Iwwersetzungen, Lektorat-Korrektorat, etc.), Cross-Media Publikatiounen XML, Entwécklung fir personnaliséiert Léisunge fir eng automatesch Mise en page …
Am Kader vun der Ausstellung presentéiert d’Imprimerie eng Heidelberg Press vum Ufank vun de 60er Joren, déi deemools bal an allen Dréckereien an Europa ze fanne waren, an déi et erlaabt huet, op ënnerschiddlech Supporten ze drécken: Holz, Lino, Bläi, etc. Fir se ze manipuléieren, brauch een och haut nach eng Meeschterhand, also de Savoir-faire vun engem richtegen Handwierker.


Den Thierry Lutz, Moler a Konschtprofesser am Escher Lycée huet speziell fir d’Ausstellung  eng limitéiert Serie vu Farden erausginn, an deenen ee véier impriméiert Blieder fënnt, déi op verschidde Manéiere gedréckt sinn: Gravure, Serigraphie, personnaliséierten Drock mat Faarf, Drock op der aler Heidelberg-Press. Déi Blieder, déi vun den Handwierker vun der Imprimerie centrale gedréckt ginn, ginn nummeréiert a vum Kënschtler ënnerschriwwen.

PHOTO: © imprimerie centrale
Heidelger presse à platine automatique, 1960,
vitesse d‘impression 5.000 feuilles/ heure

PHOTO: © imprimerie centrale Heidelger presse à platine automatique, 1960, vitesse d‘impression 5.000 feuilles/ heure

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter