Isabelle de Borchgrave
Isabelle de Borchgrave

Isabelle de Borchgrave

No der Retrospektiv vun hire Kostümer aus Pabeier am Fine Arts Museums of San Francisco am Joer 2011, huet d’Isabelle de Borchgrave decidéiert, nees zeréck bei d’Molerei ze kommen, mee gläichzäiteg d’Aarbecht mam Pabeier weiderzeféieren. An hire rezenten Ausstellunge weist si hir nei grouss Plisséeën, déi vum Orient a vu Brasilien inspiréiert sinn, an och hir éischt Bronzeskulpturen. Dat onendlech Liicht trëfft hei op dat ondlech Schwéiert, an engem ëmmer méi beandrockende Faarwespill.


Inspiréiert duerch hir vill Reesen entsteet bei hir eng Mëschung aus Genren a Kulturen, dobäi bleift eng erstaunlech Evolutioun an hirer Aarbecht. D’Isabelle de Borchgrave, Unhängerin vun der Nabis-Beweegung, verwonnert eis ëmmer op en Neits. Si exploréiert d’Gäert mat hire Bronzeskulpturen an eruewert d’Salone mat hire Lüsteren, Luuchten a Pabeiersplisséeën. Si erfënnt ëmmer nees eng Welt, déi wéi en Dram ronderëm si flitt.

PHOTO: ©Alain Speltdoorn
Table en Bronze, 2015, H 72 x Ø 140 c, pièce unique

PHOTO: ©Alain Speltdoorn Table en Bronze, 2015, H 72 x Ø 140 c, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter