Jang Feinen
Jang Feinen

Jang Feinen

De Jean Feinen ass den 18. Dezember 1962 zu Lëtzebuerg gebuer. Nodeems hien an engem anere Beräich geschafft huet, sicht hien no engem méi kreative Beruff an interesséiert sech fir d’(Konscht-) Schräinerei. Am Kader vun der Erwuessenebildung mécht hie seng Léier als Schräiner an  1992 seng Meeschterprüfung.


1994 mécht hie sech selbstänneg, andeems hien d’(Konscht-)Schräinerei “Atelier Ligna” grënnt. Den Atelier ass zu Contern, hien huet 7 Mataarbechter. D’Haaptaktivitéit vum Atelier ass d’Kreatioun vun eenzelne Miwwelstécker an den Amenagement vun ëffentlechen a private Raim. Den Haaptakzent läit op der Aarbecht mat Massivholz mat enger Virléift fir eenheemesch Hëlzer. D’Finitioun geschitt virun allem mat natierlechen Ueleger a Wuesszorten, déi d’Schéinheet vum Holz nach méi a Valeur setzen.

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen
Quercus, chaise en chêne massif traité à l‘huile et à la cire,
H 108 x L 2 9 x P 4 2 cm, série limitée

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen Quercus, chaise en chêne massif traité à l‘huile et à la cire, H 108 x L 2 9 x P 4 2 cm, série limitée

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter