Josefina Muñoz
Josefina Muñoz

Josefina Muñoz

D’Josefina Munoz, 1986 zu Buenos Aires gebuer, lieft a schafft haut zu Genf an der Schwäiz, wou si hiren eegene Studio opgemaach huet; si ass ëmmer am Gaangen ze recherchéieren a schafft gär mat aneren zesummen. Si huet e Masterdiplom am Beräich Luxus a Konschthandwierk vun der ECAL (Lausanne, Schwäiz), wou si d’Chance hat, mat deem berühmte Schwäizer Keramiker Peter Fink bei sengem Projet Paysages Désertiques matzeschaffen.


Si huet während hire Studien och bei ville Projete fir Marke wéi Christofle, De Sede, Ruinart a Vacheron Constantin geschafft. Vun 2011 bis 2012 war si Assistentin am Studio vum Gilles Belley, wou si sech ëm verschidde Projete fir d’Inszenéierung vu Miwwelen, Luuchten a Parfumsflacone gekëmmert huet. Als Kënschtlerin entwéckelt si eng méi perséinlech an intimistesch Aarbecht ronderëm d’Keramik, mat enger wierklecher Recherche vun der Matière an de Formen.

PHOTO: © pepephoto
Atacama, vases en argile émaillée,
Grand: H 45 x Ø 26m,
Moyen:H 30 x Ø 2 0 cm,
Petit: H 19 x Ø 14 cm,
pièces uniques

PHOTO: © pepephoto Atacama, vases en argile émaillée, Grand: H 45 x Ø 26m, Moyen:H 30 x Ø 2 0 cm, Petit: H 19 x Ø 14 cm, pièces uniques

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter