Kai Hengen & Olaf Recht
Kai Hengen & Olaf Recht

Kai Hengen & Olaf Recht

 

Den Olaf Recht ass zu Lëtzebuerg gebuer a lieft och do. Hien huet eng Formatioun am Produktdesign an der Schwäiz, duerno zu Mailand an zu Los Angeles, gemaach, wou hien 1998 säin Diplom krut. Hien huet seng Carrière a Kalifornien ugefaangen a sech am Design vun elektronesche Produiten an an der Entwécklungsstrategie vu medezinesche Produite spezialiséiert. Hien ass 2010 an Europa zeréckkomm, fir am Beräich vun der Bannendekoratioun an dem Miwweldesign als Independant an de verschiddene Secteure vum Design ze schaffen.

De Kai Hengen ass 1979 zu Lëtzebuerg gebuer an huet säi Master 2004 zu Wolz ofgeschloss. 2010 grënnt hien d’Boutique « Modulor Menuiserie + Design S.A. » zu Miersch, wou hien eng Auswiel u konschthandwierklechen Objeten a verschidden Designstécker- a miwwelen ubitt. Vum Konzept bis bei d’Realisatioun vu Bannendekor iwwer d’Offer vun einfache Miwwelstécker schwätzt seng Aarbecht eng kloer Sprooch fir eng Approche mat engem kreativen zäitlosen Design, op Mooss gemaach mat nohaltegen an ëmweltfrëndleche Materialien.


 

PHOTO: ©Olaf Recht
Paddle Table Lamp, 2016,bois 3d aux accents métalisés et satinés / lampe LED,
H 37 x L 7 0 x Ø 15 cm, série limitée

PHOTO: ©Olaf Recht Paddle Table Lamp, 2016,bois 3d aux accents métalisés et satinés / lampe LED, H 37 x L 7 0 x Ø 15 cm, série limitée

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter