Kontak Horst
Kontak Horst

Kontak Horst

A sengen Objeten zelebréiert den Horst Kontak d'Holz a senger ganzer Individualitéit, wéi et strukturéiert ass, wéi et gewuess ass. D'Natur däerf hei matschwätzen. Si gëtt mat engem perfekten Knowhow an engem séchere Sënn fir Formen an Zeen gesat. Esou entstinn haaptsächlech Béchsen a klasseschen zylindresche Formen - Iddie vu Behälteren, an deene sech d'Virstellunge vum Drechsler a Kënschtler Horst Kontak materialiséieren. Dës Objete lueden dozou an, mat hinnen ze spillen, se ze richen a se ze heemelen. An esou der Opmierksamkeet vum Drechsler nozegoen, deen de Charakter vun engem Holz erkennt, beobacht a geschécklech an Zeen setzt. D'Deckele passen an allen Hisiichte ganz genee a loosse sech mat engem klengen, sate Geräisch op- an zoumaachen. De spilleresche Kontrast tëscht den archaesch gebéite Fragmenter vun Äscht, déi d'Deckelen an d'Béchsen aus makellosem Holz dekoréieren - an deene sech dacks och nach eng Iwwerraschung verstoppt - wierkt bal elegant. De passionéierten Drechsler Horst Kontakt ass Autodidakt. Seng Faszinatioun gëtt ënnerstëtzt an encouragéiert duerch d'Echangen an d'Diskussioune mat de renomméiertste Meeschtere vun hirem Fach. Hien huet vill Holz aus der Regioun gesammelt, dat wärend méi ewéi 20 Joer gelagert a gedréchent gouf, an elo zum Asaz kënnt. Mat der offizieller Grënnung vu sengem Atelier am Joer 2009 koum och de Succès. Seng aussergewéinlech Wierker ginn a villen Ausstellungen a Publikatioune gewisen - si inspiréieren eng Communautéit vu Sammler, déi séier wiisst.
Photo : ©Horst Kont ak 
Gauche :
HOLZ KËSCHT
2021 
Robinier, non traité
13 x 7,5 cm
Droite :
HOLZ KËSCHT
2020 
Noyer
13 x 11,5 cm

Photo : ©Horst Kont ak Gauche : HOLZ KËSCHT 2021 Robinier, non traité 13 x 7,5 cm Droite : HOLZ KËSCHT 2020 Noyer 13 x 11,5 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter