Langehegermann Nico
Langehegermann Nico

Langehegermann Nico

Seng Kandheet verbréngt den Nico Langehegermann, deen de 24. Mee 1946 zu Lëtzebuerg op d’Welt kënnt, um Lampertsbierg an um Briddel, wou säi Papp e klengen Ustrécherbetrib féiert. Schonn als klengt Kand ass e begeeschtert vum Molen an de Faarwen. Vun 1960 bis 1963 besicht en de Lycée des Arts et Métiers. Als eenzege Schüler fir d’Ausbildung zum Schrëftemoler hat en déi grouss Chance, formidabel Kënschtler-Enseignanten ze hunn. 1971 grënnt den Nico e Betrib, deen sech op Design, d’Beschrëftung vu Gefierer zu Publicitéitszwecker, d’Restauratioun an de Polychromage vu Miwwelen, d’Vergolden asw. spezialiséiert. E féiert eng ganz Rei vun Dekoren a Vergoldungen aus, déi nach haut op Monumenter an a Kierchen ze gesi sinn. 2007 iwwerhëlt säi Jong de Betrib an hie ka sech voll a ganz senger Passioun, der Konschtmolerei, widmen. Seng éischt perséinlech Ausstellung hat hien an der Galerie Fred Becker um Lampertsbierg.

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter