Lilian Daubisse
Lilian Daubisse

Lilian Daubisse

De Lilian Daubisse lieft a schafft zu Lille a Frankräich. Dem Lilian seng kuriéis Wierker beréieren eis duerch hir Poesie an hir rätselhaft Schéinheet. Si invitéieren eis an eng Dramwelt, si schécken eis op d’Rees an op d’Sich nom Sënn. Wéi en Archeolog grueft dëse spezielle Kënschtler d’Iwwerreschter vun e puer wäitgeleeënen Zivilisatiounen aus, deenen hir Glanzzäit laang eriwwer ass. Wat bleift, ass wat déi Artefakten op eng staark Aart a Weis ervirruffen, wa mir se contempléieren.


Aus eng Kartongsverpackung, engem ganz einfache Material, dat sech ënnert sengen Hänn zum Material fir Skulpture verwandelt, kréien Tapisen, Rüstungen a Mosaike Formen, déi op eng richteg imaginär Archeologie schléisse loossen. Hei dréckt sech och e Widdersproch aus tëscht dem Material, der industrieller Fabrikatioun fir eng Konsumgesellschaft an der manueller Produktioun, déi Méint dauert; dat alles spigelt eng handwierklech Aarbecht erëm an engem ethnesche Brauch vu rituellen a spirituellen Zwecker, dee fir rituell a spirituell Zwecker gebraucht gëtt, déi ee sech nach virstelle misst.

© Angélique Lefèvre
Shaq attaq III, 1996, Organdi présenté sous caisson plexiglas,
H 43 x L 43 x P 43 cm , 146cm sur sellette en carré d‘acier,
pièce unique

© Angélique Lefèvre Shaq attaq III, 1996, Organdi présenté sous caisson plexiglas, H 43 x L 43 x P 43 cm , 146cm sur sellette en carré d‘acier, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter