Lucie Cahu
Lucie Cahu

Lucie Cahu

D’Lucie Jullian Cahu fänkt, nodeems si 2008 hiren Diplôme op der Ecole Estienne zu Paräis kritt hat, hir Carrière als Graphikdesignerin un. Nodeems si eng Zäit als Directrice artistique zu Washington geschafft huet, kënnt si hannescht op Lëtzebuerg. No zwee Joer bei der lëtzebuerger Agence Fish & Chips grënnt si 2015 Helloworld, e kreative Konscht- an Designstudio, dee seng Servicer u grouss Marken a verschidde Medien ubitt, mee sech och am Ausland en Numm gemaach huet. Si krut verschidde Präisser am Graphikdesign an Amerika an a Kanada.


Parallel zu hire berufflechen Aktivitéiten entwéckelt d’Lucie eng Konschttechnik, déi hir typographesch Kenntnisser mat hirer Passioun fir Textil kombinéiert. Si schaaft dekorativ Alphabeter mat komplexe Motiver déi si dann op Stoft dréckt esou datt all Stéck en Eenzelstéck ass. Esou entsteet e grafescht Universum, an dem Buschtawen sech mat Faarwe kombinéieren an esou zu Dekoratiounselementer ginn.

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen
Typographie Textile, 2016, composé avec les dingbats
(caractères ornementaux) - t ypographie modulaire, daim synthétique,
L 270 x l 106 cm, pièce unique

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen Typographie Textile, 2016, composé avec les dingbats (caractères ornementaux) - t ypographie modulaire, daim synthétique, L 270 x l 106 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter