Lucie Majerus
Lucie Majerus

Lucie Majerus

 

1992 zu Lëtzebuerg gebuer, huet d'Lucie Majerus viru kuerzem hiren Diplom vun der Design Academy Eindhoven kritt. Wärend hirem Stage vun engem Joer huet si fir d'Kënschtlerin Claudy Jongstra, d'Designerin Margethe Odgaard an de Snedker Studio geschafft. Si huet op der Dutch Design Week (NL), bei De Mains De Maîtres (L), am Casino Forum d’Art Contemporain (L), am Salone di Mobile (IT), op der Triennale Jeune Création (L), an der Intro_Galerie Beim Engel (L), an de Rotondes (L) an an der Cecil’s Box vum Cercle Cité (L) ausgestallt.

D'Lucie stellt gär dat Gewéinlecht a Fro a reegt d'Leit dozou un, dat och ze maachen. Si stimuléiert hir Fanatasie an hir Freed an deet se fir ee Moment laachen. D'Lucie kuckt gär op d'Vergaangenheet, fir d'Géigewaart besser ze verstoen a sech d'Zukunft virzestellen. Zu hiren Haaptinteressie gehéieren d'Konzeptaarbecht, d'Exploratioun vun eise fënnef Sënner, d'Erfarungen an d'Souveniren, de sozialen Zesummenhalt an d'Experimentéiere mat Matièren. Si benotzt hir multidisziplinär Methoden an hire Projeten; dat geet vun Narungsmëttel iwwer Textilien, Bijouen, vu Faarwen iwwer Illustratiounen, Kostümer, Bühnebilder, Installatiounen an Interieuren.


 

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen
Feathers, 2014, plumes en textile, tricotés ou
nouées, sur chapeaux contemporains,
30 x 10 x 1 cm, pièce unique

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen Feathers, 2014, plumes en textile, tricotés ou nouées, sur chapeaux contemporains, 30 x 10 x 1 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter