Misch Feinen
Misch Feinen

Misch Feinen

De Misch Feinen kënnt no sengem Konschtstudium zu Stroossbuerg zréck op Lëtzebuerg. Seng berufflech Carrière fänkt hien als Graphiker un, éier hie sech op seng eege Kreatioune konzentréiert. Als fräischaffende Kënschtler verbënd hie grafesch an zeechneresch Aarbechten, Objetën an Installatiounen aus Stol so wéi Fotografie an experimentell Texter. Hien ass Member vu Museksgruppen, Member vu Maskénada an Dkollektiv, schafft mat un Theaterprojetën a setzt sech fir d’Erhalen an d’Promotioun vum industriellen Handwierk an.


Seng Aarbecht mat gebrauchtem Eisen huet 2007 ugefaange mam Zesummendroë vun alem Aarbechtsgeschier. Duerno huet hie Recherche gemaach fir verbessert Formen, op Basis vun Eisen ze schaafen. Hien entwéckelt Formen aus Blech, déi ëmmer méi reng a méi liicht ginn an him et esou erlaben, souwuel un der Graphik wéi och um Volume vum Metall ze schaffen.

PHOTO: ©Claude Piscitelli
Ferritoires, 2014, tôle d’acier,
découpage plasma & pliage,
H 140 x L 110 x 85 cm, pièce unique

PHOTO: ©Claude Piscitelli Ferritoires, 2014, tôle d’acier, découpage plasma & pliage, H 140 x L 110 x 85 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter