Nathalie Fosse
Nathalie Fosse

Nathalie Fosse

D’Nathalie Fosse lieft a schafft zu Longfossé, bei Boulogne-sur-mer a Frankräich. Dës ongewéinlech Kënschtlerin kreéiert faszinant Skulpturen, déi sech opmaache loossen an duerch déi den Dram, d’Originalitéit an de Mystère subliméiert ginn. Hir Hänn gi vun hirer Fantasie animéiert a loossen iwwerdimensional Eeër oder Muschelen entstoen, déi souwuel duerch hir Gréisst  wéi och duerch hir schlicht Schéinheet beim Beréieren iwwerraschen.


Hir Wierker sinn direkt vun der Natur inspiréiert, déi vollstänneg an architektonesch Formen ze bidden huet. Heiraus schäfft si d’Kraaft an d’Zäitlosegkeet vun all hire Wierker. Fir se ze verwierklechen, gräift si op traditionell awer och modern Techniken zeréck. Si realiséiert selwer all eenzel Etapp vun der Kreatioun. Hir Fantasie gëtt geleet vum Formespill a vun de wäertvollste Matièren; si verbënnt Straussen-oder Emuseeër, Pythonen, Nacker, Fëschlieder an Edelholz. Hiert Zil ass et, duerch dës Wierker de Virwëtz, d’Verwonnerung, den Dram an d’Reflexioun ervirzeruffen.

PHOTO: © Nathalie Fosse
Origine, cabinet en marquetterie de coquilles d’autruches,
intérieur gainé cuir et plaqué d’ érable pommelé,
pieds en poirier blanchi,
H 159 x Ø 68 cm, pièce unique

PHOTO: © Nathalie Fosse Origine, cabinet en marquetterie de coquilles d’autruches, intérieur gainé cuir et plaqué d’ érable pommelé, pieds en poirier blanchi, H 159 x Ø 68 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter