Pascal Oudet
Pascal Oudet

Pascal Oudet

De Pascal Oudet ass Konschtdréier fir Holz, hie lieft an der Géigend vu Grenoble. Seng Piècë sinn inspiréiert vun den Effekter vum Zäitverschläiss, deen déi déif Strukture vun den natierleche Materialien ervirbréngt. Aus Eechen, déi e gewëssenhaft eraussicht, kreéiert hie Forme vun enger grousser Finesse, aus deenen hien dann duerch Sandstralen d’Struktur ervirsträicht. Dat konstant Gläichgewiicht tëscht der Aggressivitéit, fir d’Matière ofzenotzen an dem Feingefill, fir seng Integritéit ze behalen, schaaft Transparenz a léisst eng reegelrecht Holzspëtzt entstoen. Mat senge Kreatiounen, wou technesch Maîtrise a Feingefill vereent sinn, dauche mir an an d’Geschicht vun de Beem.


Déi Technik, déi hien erfonnt huet, stéisst op groussen Interessi bei de Sammler a Galerien op der ganzer Welt. Seng Piècë fënnt een an de permanente Sammlunge vun den Ateliers d’Art de France, vun der American Association of Woodturners a vum New York Museum of Art and Design, mee och a Privatsammlungen an Asien, am Mëttleren Osten, an Europa an an den USA. 2012 krut seng Aarbecht de Grand Prix de la Création de la Ville de Paris, an 2014 de Publikumspräis um Festival International des Métiers d’Art vu Baccarat.

PHOTO: ©Lionel Pagès
Dendrochronologie Mailley 2015, 2016,
chêne tourné, sablé, oxydé, L 40 x l 3 9 x P 8 cm,
pièce unique

PHOTO: ©Lionel Pagès Dendrochronologie Mailley 2015, 2016, chêne tourné, sablé, oxydé, L 40 x l 3 9 x P 8 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter