Pierre Renart
Pierre Renart

Pierre Renart

Passionéiert vun der Kreatioun an der Fabrikatioun vun Objeten a Miwwelen aus Holz zënter dass hie 5 Joer huet, mécht de Pierre Renart säi Bac an der Sektioun Sciences, ier hien an d’Ecole Boulle op Paräis geet, wou hie Major vun der Promotioun 2011 gëtt. Ganz séier kritt hien Unerkennung fir seng aussergewéinlech Fotell «Genèse», déi hie fir säin Ofschlossdiplom realiséiert huet. Hie mécht datselwecht Joer en Atelier op, un deem direkt vill Sammler interesséiert sinn.


Als onermiddlechen Explorateur vun der Matière, mat senger Passioun fir d’Fabrikatiounsverfahren an d’Transformatiounstechniken, vereenegt de Pierre Renart den traditionelle Savoir-faire vun der Holzveraarbechtung mat méi modernen Technologien. Seng Wierker entstinn aus der Interaktioun tëscht der Natur mat hire schéinsten Holzessenzen an dem Genie vum Mënsch, deen et fäerdeg bréngt, déi sophistiquéierst a performanst Materialien ze verschaffen. Wat u senger Konscht sou besonnesch ass, ass, dass hien d’Eleganz vum Muster privilegéiert, an dobäi net vergësst, d’Funktioun vum Miwwel ze integréieren, sou dass déi zwee perfekt harmonéieren.

PHOTO: © Pierre Renart
Genèse, Fauteuil en fibre de carbone, assise gainée de tissu,
H 80 x L 54 x l 5 3 cm, série limitée

PHOTO: © Pierre Renart Genèse, Fauteuil en fibre de carbone, assise gainée de tissu, H 80 x L 54 x l 5 3 cm, série limitée

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter