Pinon Nicolas
Pinon Nicolas

Pinon Nicolas

De Nicolas Pinon, deen eng Formatioun an der Konschtschreinerei vun der École Boulle huet, entdeckt de planzleche Lack urushi um Enn vu senge Studien. Hien hat d'Chance, eng Ausbildung a Japan beim Meeschter Nagatoshi Onishi ze maachen. Am Laf vu senge ville Reesen an eng Partie Stied a Japan huet hie mat Handwierker zesummegeschafft, fir seng Lacktechnik auszebauen. Nodeem hie sech zu Paräis niddergelooss huet, entwéckelt hien eng nei Visioun vum urushi-Lack, andeem e seng westlech Kultur abréngt a gläichzäiteg déi traditionell japanesch Lacktechnike respektéiert. Seit 2018 schafft hie mam Designer Dimitry Hlinka zesummen, fir sech nei Konzepter auszedenken. Zesummen hu si den Heizkierper Entropie an d'Téikan Tipotto kreéiert. Fir dës zwee Stécker benotze si en neien thermochromesche planzleche Lack, dee si mat engem Lackhiersteller zu Kyoto entwéckelt hunn. 2020 goufe si allen zwee mam Präis "Dialogues" am Kader vum "Prix Liliane Bettencourt pour l'intelligence de la main" ausgezeechent.
Photo : ©Etienne Lobelson
ENTROPIE
2020
Impression 3d et Kanshitsu
Résine de soja, laque végétale, terre et chanvre
80 x 20 x 65 cm

Photo : ©Etienne Lobelson ENTROPIE 2020 Impression 3d et Kanshitsu Résine de soja, laque végétale, terre et chanvre 80 x 20 x 65 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter