Piret Erny
Piret Erny

Piret Erny

D’Erny Piret koum 1940 zu Téiteng op d’Welt. Hire Liewenswee gëtt bestëmmt vu Leit, Materialien an Techniken, mat deene si a Beréierung kënnt. Si hëlt Zeechecoursë beim Marcel Verhofstadt op der Académie zu Bréissel (Saint Gilles). Beim Besuch vun enger Ausstellung am Musée Mode & Dentelle spréngt de Fonken iwwer: Si entdeckt hir Léift fir d’Textilkonscht, déi Konscht an ugewannte Konscht wéi keng aner Disziplin matenee verbënnt. 2009 rifft se déi international Wanderausstellungen „Asia-Europe – Fiber Art“ an d’Liewen, Evenementer, déi exklusiv a Muséeë presentéiert ginn, an dat iwwer e méi laangen Zäitraum. Hir Opfaassung vu Konscht ass et, sech ëmmer erëm a Fro ze stellen, innovativ ze sinn, d’Grenzen, déi d’Matièren engem setzen, ze iwwerwannen, mat verschiddene Matièren ze schaffen, multipel Techniken auszeprobéieren. D’Erny schléisst keng Matière, keng Technik aus. Fiedem kräizen, se verdréien, se flechten oder se vermëschen – fir d’Kënschtlerin eng onvergläichlech Passioun. Zil ass bei all Projet, d’Matière lieweg ginn ze loossen, duerch Liichtegkeet, Transparenz, Beweegungen an d’Dräidimensionalitéit vum Wierk
Photo : ©Eric Piret 
DECHIRURES
2020
Dentelle Moëlle de rotin
74 x 58 x 45 cm

Photo : ©Eric Piret DECHIRURES 2020 Dentelle Moëlle de rotin 74 x 58 x 45 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter