Potsch Martin
Potsch Martin

Potsch Martin

Den Ausgangspunkt fir d'Glasaarbechte vum Martin Potsch - deen a sengem Haaptberuff Kommunikatiounsdesigner ass - ass eng déif Begeeschterung fir d'Material. No engem Workshop an der Fachschoul fir Glas zu Zwiesel huet den Designer 2014 ugefaangen, zesumme mat de Glasbléiser aus der Schoul déi éischt Projeten ëmzesetzen. Déi expressiv a moleresch Perspektiv ass charakteristesch fir d'Behältere mat hiren einfachen, grondleeënde Formen. „Ech verstinn déi transparent Iwwerfläch vum Glas wéi eng Leinwand, eng Spillfläch“, erkläert de Martin Potsch. Säin Zil ass et, d'Méiglechkeete vum Material ëmmer besser ze verstoen. All seng Wierker si schéin an ongewéinlech Unikater, mat avantgardistesche Formen a Motiver, bei deenen am komplizéierten Hierstellungsprozess mat zerbriechlechem Material och den Zoufall hire Charakter matbestëmmt.
Photo : ©Gerald von Foris, München 2021
VASE CARRÉ À ENROULEMENT
2021
Corps cylindrique, éléments colorés fondus attachés
Hauteur 34 cm

Photo : ©Gerald von Foris, München 2021 VASE CARRÉ À ENROULEMENT 2021 Corps cylindrique, éléments colorés fondus attachés Hauteur 34 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter