Reitz Jean-Pierre
Reitz Jean-Pierre

Reitz Jean-Pierre

De Jean-Pierre Reitz ass 1958 zu Péiteng gebuer, wou hien nach ëmmer wunnt an och schafft. Als jonke Geiist kënnt hien a Kontakt mam Geiebau, deen hien e Liewe laang faszinéiere wäert. Nom Ofschloss op der internationaler Geiebauerschoul zu Cremona (IT) installéiert hien 1984 säin Atelier zu Péiteng. Weiderbildung zu Angers (FR) an Chicago (USA) maachen aus him en vollwäertegen Geiebauer. Seng Begeeschterung fir Musek an Aarbechten mat Holz verbannen sech perfekt am Beruff vum Geiebauer a mat de Joren ass d’Freed um Bau vun Instrumenter, besonnesch Geien a Bratschen, him erhale bliwwen. Vum Eraussiche vum Holz iwwert den Design an d’Ausschaffen bis hin zur d’Lackéierung entsteet en duebelt Konschtwierk: d’Instrument un sech an säin Klang. D’Virstellung, dat seng Instrumenter nach laang Joren dem Museker d’Méiglechkeet ginn, sech kënschtleresch auszedrécken, motivéiert hien weiderhin des Passioun ze liewen.

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter