Romain Schleich
Romain Schleich

Romain Schleich

 

De Romain Schleich ass 1975 zu Lëtzebuerg gebuer, wou hien 1993 säin CATP als Entrepreneur vu Metallkonstruktiounen / Konschtschmadd mécht. 1997 geet hien a Frankräich, fir eng Formatioun als Konschtschmadd bei den «Compagnons du Devoir» ze maachen; hie verbréngt do ee Joer, fir säi Kënnen a seng Technik ze verdéiwen. Nodeems hien 2000 seng Meeschterprüfung gemaach huet, lieft hien an Italien, duerno an Holland an an Éisterräich, fir sech berufflech weiderzebilden.

2002 mécht hie säin eegenen Atelier «Ferro Design» als Konschtschmadd zu Wecker op, wou hie bis elo op kreativ a selbstänneg Manéier schafft. Zënterhier hëlt hie reegelméisseg u villen Ausstellungen deel an huet vill Präisser kritt fir seng schmadd Skulpturen a seng artistesch Zeechnungen.


 

Croquis: Dirigent, 2016, acier forgé et termolaquage,
H 340 x l 300 cm, pièce unique

Croquis: Dirigent, 2016, acier forgé et termolaquage, H 340 x l 300 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter