

Romy Collé
D´Romy Collé as zënter 2014 Goldschmiedemeeschterin. Déi gebiirteg Lëtzebuergerin leet groussen Wäert op technesch Perfektioun, an op en modernen Design mat dem gewëssen Extra.
Hir Inspiratioun hëllt sech Schmuckdesignerin aus der Natur, esou spillen Insekten wéi Päiperleken an Kiewerleken eng grouss Roll an hieren Kreatiounen. Awer och einfach geometrësch Formen an Musteren charatiriséieren hier Stécker.
Déi handgemaachten Bijou´en sin eng Aussoe vun Eleganz an Liichtegkeet, déi d´Schéinheet vun der Dréierin ënnersträichen.
Dobéi benotzt Romy nëmmen déi edelst Materialien, wéi wäiss, giel an rout Gold, Diamanten, Edelsteng an Pärelen. Gären kënn Dir hat och mat ären Wënsch & Iddien an privater Atmosphär a sengem Atelier besichen.