Rossy Pierre
Rossy Pierre

Rossy Pierre

Schroeder Joailliers gouf 1877 vum Lambert Schroeder gegrënnt, dem Ururgrousspapp vum Pierre Rossy, dee vun 1979 un am Familljebetrib matschafft. De Pierre Rossy geet zu Paräis op d‘École de Bijouterie du Louvre, wou hie seng Leidenschaft fir Schmuck entdeckt. Hie mécht seng Maîtrise an der Joaillerie an der Horlogerie, huet en Diplom an der Gemmologie an ass zanter knapps zéng Joer President vum „The Maastricht Group – European Jewellers Conference Leading European Jewellers and Watch Specialists“. An de leschte 25 Joer huet de Pierre Rossy seng Kollektiounen, déi an den Ateliers Schroeder zu Lëtzebuerg entstane sinn, a villen Ausstellunge presentéiert, zum Beispill a Japan, China, an den Vereenegten Arabeschen Emirater, am Bahrain, ma och an der Schwäiz an an der Belsch.
Photo : ©Schroeder Joailliers
ROSE DE LUXEMBOURG
2019
Bague en or blanc 18K, diamants, émail
2,6 x 2,1 x 2 cm

Photo : ©Schroeder Joailliers ROSE DE LUXEMBOURG 2019 Bague en or blanc 18K, diamants, émail 2,6 x 2,1 x 2 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter