Rothe Kristina
Rothe Kristina

Rothe Kristina

Wärend hirem Textildesigner-Studium op der Hochschule für Angewandte Kunst zu Schneeberg an Däitschland huet d'Kristina Rothe hir Passioun fir de Pabeier entdeckt an esou de gréissten Deel vun hirem Studium am Pabeieratelier verbruecht, fir hir Kenntnisser ze verdéiwen an d'Grenze vun der Matière no hannen ze verréckelen. No enger grëndlecher Recherche am Beräich vun de Materialer huet si an de plastesche Formen an Objeten hir ideal Ausdrocksform fonnt. Si kombinéiert traditionell Pabeierfabrikatiounstechnike mat éischter innovativen Aspekter, déi si selwer entwéckelt huet. Hir Aarbecht baséiert op traditionellem Zellstoff aus Planzefaseren, dee si op der Hand op eng Form opdréit. Duerch d'Qualitéit vum Prozess vun dëser Technik kann d'Aarbecht sech Schratt fir Schratt a mat vill Suergfalt entwéckelen. Beweegung a Rou, Danz, Natur an Architektur si fir si permanent Inspiratiounsquellen an Experimentéierfelder. Esou entstinn an hirem Atelier zu Leipzig Objeten aus Pabeier an eng grouss Varietéit u Behälteren. 2014 huet d'Kristina Rothe ugefaangen, d'Liichtegkeet an d'Vergänglechkeet vum Pabeier an enger Serie vun Urnen zesummenzebréngen. Fir hir Kollektioun vun Urne benotzt si als Matière première Hanfzellstoff, duerch deen d'Produkt nom Dréchne stabil a benotzbar gëtt. Si gouf fir hir Aarbecht mat verschiddene Präisser ausgezeechent a war 2017 fir de Loewe Crafts Prize an 2018 fir de Prix européen des arts appliqués nominéiert.
Photo : ©www.scippics.de
STREIFENGEFÄSS 
2019
Papier fabriqué à partir de fibres de chanvre
44 x 17 x 17 cm

Photo : ©www.scippics.de STREIFENGEFÄSS 2019 Papier fabriqué à partir de fibres de chanvre 44 x 17 x 17 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter