Sada Elke
Sada Elke

Sada Elke

Déi däitsch Keramikkënschtlerin Elke Sada inspiréiert mat hiren onkonventionelle Wierker, an deenen d'keramesch Form a fräi Molerei op eng innovativ an erfrëschend Manéier matenee kombinéiert ginn. Eng Abberzuel Präisser an Acquisitioune fir ëffentlech a privat Sammlungen éieren déi kënschtleresch Entwécklung vum Elke Sada an deene leschte Joren um internationale Plang. Sou war si zum Beispill 2019 fir de Loewe Craft Prize nominéiert. D'Elke Sada huet zu Bath a Südengland studéiert an hir kënschtleresch Entwécklung um Royal College of Art zu London verdéift, wou si hire Master of Arts an der Keramik an am Glas gemaach huet. Wärend där Zäit huet si sech intensiv mat de Keramiktechniken an der Konscht ausenanergesat, fir schlussendlech hiren eegene Wee ze fannen, deen d'Molerei als integrale Bestanddeel an hir Aarbecht abezitt. D'Faszinatioun fir den Hierstellungsprozess vun engem anticke Behälter aus Koffer am Musée vun Hallstatt an Éisträich huet zu enger neier Serie vun Aarbechte gefouert. Den Titel vun där Serie ass konsequenterweis HALLSTATTPIECES. Déi zolidd a lieweg Behältere ginn op der Hand aus Tounfragmenter hiergestallt, déi d'Kënschtlerin mat den Hänn formt. D'Néit si siichtbar a loosse vill Beweegung zou. Déi kräfteg Faarwen inspiréiere sech u schéinen Illustratiounen aus engem Buch iwwer Vullen. Sou gouf dann och de laténgeschen Numm vum jeeweilege Vull als Titel fir all HALLSTATTPIECE benotzt.
Photo : ©Christoph Kremtz
DENDROCOPOS LEUCOTOS
2017 
Argile noire gaufrée, engobes colorés, glaçure transparente, construction à la main 
45 x 24 x 24,5 cm

Photo : ©Christoph Kremtz DENDROCOPOS LEUCOTOS 2017 Argile noire gaufrée, engobes colorés, glaçure transparente, construction à la main 45 x 24 x 24,5 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter